MIR SICHEN ENQUETEUREN FIR DEN WAL-SONNDEG, 14. OKTOBER 2018


MIR SICHEN ENQUETEUREN FIR DEN WAL-SONNDEG, 14. OKTOBER 2018

TNS ILRES realiséiert e Projet an Zesummenaarbecht mat RTL, fir den mir aktiv no Enquêteuren sichen déi lëtzebuergesch schwätzen. Die Persounen, déi un dëser Aarbecht intresséiert sinn, mussen sech an ee Walbüro beginn den am Virfeld bestëmmt gëtt, fir die offiziell Resultater per Telefon un TNS ILRES weider ze leeden.

D‘Engagementer vum Enquêteur:

Den Enquêteur muss den 14. Oktober 2018 ab 13:00h bei de Walbüro goen den him zou gewisen gouf, an die offiziell Publikatioun vun de Resultater vun dësem Walbüro ofwaarden, déi am Laf vum Nomëtteg oder am Ufank vum Owend annoncéiert ginn. Nodeems d’Resultater vun dësem Büro annoncéiert goufen, muss den Enquêteur direkt bei TNS ILRES uruffen fir déi Resultater ze kommunizéieren.

Fir all Enquêteur gutt op dësen Projet virzebereeden gëtt eng Informatiounsversammlung an der Woch virun de Walen ofgehal, bei der all Enquêteur matmaachen muss. Di genau Detailer ginn nach kommunizéiert.

D‘Rémunératioun ass 125 €uro an begräift folgend Prestatiounen mat an:

  • - Den Déplacement an d’Zäit fir d’Informatiounsversammlung um Siège vun der TNS ILRES
  • - Den Déplacement fir sech an den Walbüro ze beginn
  • - D’Prestatioun vum 14. Oktober 2018 (Waarden op die offiziell Resultater an d‘Kommunikatioun vun de Resultater un TNS ILRES)

Mir beméien ons, sou weit et méiglech ass, den Enquêteuren ee Walbüro zou ze weisen den no un hirem Wunnsëtz ass (kennen awer näischt garantéieren).

Dir kënnt och Är Frënn an/oder Bekannten iwwert dësen Projet informéieren, an see kënnen ons dann, am Fall wou see intresséiert wieren, kontaktéiren.

Wann Dir intresséiert sidd an Dir weider Informatiounen wënscht, dann kontaktéiert w.e.g. virum 1. Oktober 2018 den Monsieur Raphaël Cillien per Telefon um 49929-5141, respektiv per mail op wahlen2018@tns-ilres.com.