Grippe A - H1N1 à Luxembourg sondage TNS ILRES

2009-10-23
Grippe A - H1N1 à Luxembourg sondage TNS ILRES


77 Prozent wëlle sech net géint d'Gripp impfen Internetëmfro vun TNS ILRES iwwert déi Nei Gripp: De meeschte Leit mécht d'Gripp keng Angscht an déi meescht, 77 Prozent, wëlle sech och net impfe loossen!

La grippe A (H1N1) – attitude générale de la population et intention de vaccination

 
Méthode d’enquête : interviews en ligne (MyPanel)
Période d’enquête : 20 -22 octobre 2009
Droits d’auteur : réservés à TNS ILRES


58 Prozent vun de Leit sinn der Meenung, datt si gutt iwwert déi nei Gripp A (H1N1) informéiert sinn, 37 Prozent mengen, si wieren eenegermoossen informéiert a 5 Prozent soen, si wieren net informéiert. Esou e weidert Resultat aus där repräsentativer Ëmfro vun TNS ILRES, déi online ënnert 602 Residente vu 16 bis 64 Joer duerchgefouert gouf (tëscht dem 20. an 22. Oktober).
 

Wat de Risiko ugeet, krank ze ginn, esou soe sech 9 Prozent vun de Leit beonrouegt, 27 Prozent si just ganz liicht nervös a 64 Prozent soe vu sech, datt si net wéinst der Gripp beonrouegt sinn.
Wat d'Inquiétude ugeet, datt Familljemembere krank ginn, esou soe 26 Prozent vun de Befroten, si wiere besuergt, 32 Prozent liicht besuergt an 42 Prozent guer net besuergt.

 

Logesch Konsequenz vun dëser Aschätzung: Just 7 Prozent vun de Leit wëlle sech sécher impfe loossen, 15 Prozent villäicht a 77 Prozent hunn net wëlles, sech impfen ze loossen. Méi genee: Vun deene 77 Prozent soen der ronn 42 Prozent "wahrscheinlech" net a ronn 36 Prozent "sécher net".
 

Firwat keng Impfung? Op déi Fro soe bei 2 méigelechen Äntwerte 46 Prozent vun de Leit, si géngen eng Impfung par Rapport zu der Krankheet fir iwwerdriwwen halen an 41 Prozent äussere Bedenken, wat den Impfstoff ugeet.